Organized By Jil Olinger
Prommenhaff, Grosbous (49.837955, 5.950535)
Dëst Joer ass d’Dose voll. Déi 12. Produktioun vum Schankemännchen, op der Fräiliichtbühn am Prommenhaff zu Groussbus, heescht: Eng Oper fir 5 Sou. Dem Brecht säi Stéck, Die Dreigroschenoper, muss net méi virgestallt ginn. Hei gesi mer dat Wierk elo fir d‘éischt an enger lëtzebuerger Iwwersetzung an Adaptatioun vum Jemp Schuster. Wéi de Brecht seng Oper fir arem Leit, déi sech keng richteg Oper kënne leeschten, 1923 geschriwwen huet, dunn hat en sech un enger aler Virlag inspiréiert. Den Original heescht The Beggar’s Opera vum engleschen Auteur John Gay, a spillt zu London am Joer 1728. „Die Dreigroschenoper“ ass virun allem bekannt duerch seng Lidder, déi de Kurt Weill geschriwwen huet. Och verschidde Personnage sinn e Begrëff: De Mackie Messer, de Peachum, d’Spelunken-Jenny oder dee korrupte Polizist Brown. Déi fanne mer all an der „Oper fir 5 Sou“ erëm, an et muss een oppassen, fir se net mat nationalen oder lokale Gréissten ze verwiesselen. Dat ass awer da puren Zoufall. De Schankemännchen huet d’Chance mat dräi super Museker an dëser Produktioun zesummen ze schaffen: De Marion Michels, Martin Folz a Claude Kraus, déi d’Spiller a Sänger live op der Fräiliichtbühn begleeden. Déi ganz Ekipp vum Schankemännchen gëtt vun hirem Regisseur Clod Thommes an dat richtegt Liicht gesat. Hei muss kee sech verstoppen, well wéi seet de Brecht: Die im Dunkeln sieht man nicht. IWWERSETZUNG AN ADAPTATIOUN: JEMP SCHUSTER REGIE: CLOD THOMMES MUSEKER: MARION MICHELS / MARTIN FOLZ / CLAUDE KRAUS KOSTUMER: SYLVIE HAMUS BELIICHTUNG: ON STAGE LIGHT REGIEASSISTENZ: CHRIST THOMMES / VIV MEINTZ COIFFURE: INTERCOIFFURE CARINE Gespillt gëtt de 16. 17. 18. 21. 22. 23. 24. 25. Juli 2015 ëm 21.00 Auer. RESERVATIOUN iwwer Telefon um 671 222 223. http://www.schankemaennchen.lu/