Organized By CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
1, Place Marie-Adélaïde,Ettelbruck (49.845250, 6.097778)
Carlo Hartmann, Inszenéierung a Bühnebild. Yannchen Hoffmann, Kostümer an Astudéiere vum Chouer. Romain Welter, Musikalesch Begleedung. Mam Yannchen Hoffmann, Jean-Nico Schambourg, Carlo Hartmann, Dany Weiler, Manfred Logeling, Lou Wio a Gisela Bitdinger. Hätt onse gudden Dicks nët déi wonnerschéi Musek zu sengem Kaméidistéck Op der Juegd komponéiert, géif d’Stéck - wéinst dem nët onëmstriddenen Thema «der Juegd» - wuel kaum hautdesdaags nach op Spillpläng ze fanne sinn. Mee wann de Kollektiv Opéra du Trottoir sech dësem Thema unhëlt, dann trieden am verschneiten Theater-Bësch nët nëmmen d’Frënn vun der Jeeërei, vum Bësch a vum Wëld op, mee och d’Kritiker vun deenen Traditiounen kommen - natierlech zum grousse Spaass vum Publikum - zu Wuert an däerfen sech mat hire Positioune lächerlech maachen. An sou versicht dem Carlo Hartmann seng peppeg Mise en scène, op amüsant Art a Weis, dës festgefueren Diskussioun ze entschäerfen. Eng héichkaräteg Besetzung bréngt déi musikalesch Bijouen (D’Piirle vum Daa - D’Fëscher an Jee’r - Bei mir, an onsem Gréit - ‘T si vill schéi Rousen an der Stad......) ganz apaart zum Glënneren. Grâce à la musique éclatante d’Edmond de la Fontaine (Dicks), l’opérette Op der Juegd (À la chasse) est jouée régulièrement sur les scènes du Luxembourg, et ceci bien que le thème de la chasse ne fasse pas toujours l’unanimité… Mais quand l’Opéra du Trottoir aborde cette thématique, on ne croise pas seulement dans la forêt enneigée les fervents défenseurs de la chasse, mais aussi ses détracteurs qui, de façon humoristique, exposent leurs opinions et amusent le public. Avec sa mise en scène pleine d’humour, Carlo Hartmann tente de désamorcer cette discussion sans fin et réconcilie les spectateurs avec des mélodies connues au Luxembourg.